Groussbus-Waler Musek prouft erëm

Bei summerlechen Temperaturen hunn d'Musikante vu Groussbus a vu Wal dobausse mat prouwen ugefaangen. De flotte Preau vum Schoulhaff zu Groussbus bitt heifir optimal Konditiounen an d'Nopere ronderëm dierft de gratis Concert all Freideg Owend zousätzlech erfreeën.