Groussbusser Jugend hëlleft

Nom Spendenopruff vun der Gemeng Sëll fir dringend Material an Iesswueren fir ukrainisch Flüchtlingen a Polen ze sammelen, huet de Club des Jeunes Groussbus sech séier bereet erkläert och eng Hand mat unzepaken, a selwer een Opruff via Facebook gestart. Den Zousproch bei de Leit war immens grouss an innerhalb kuerzer Zäit konnten eng sëllegen Hëllefsgidder sortéiert a verpaakt ginn fir dann mat der Hëllef vun der Groussbusser Gemeng op Sëll bruecht ze ginn.