Hëllef den Flüchtlingen – eng Initiativ vun den Wëllefcher vun Groussbus.

Als Groussbuser Wëllefcher haten mir d’ Idee fir den Flüchtlingen ze hëllefen. Nodeems eisen Chef zu Lëtzebuerg mat den zoustännegen Institutiounen Kontakt opgeholl hat, ass hien gewuer ginn, dass zu Lëtzebuerg (zu dem deemolegen Moment) keen Material, näischt méi géif gebraucht ginn. Dorop hunn mir mat der Caritas/ALUX vun Tréier Kontakt opgeholl an hunn elo mat eisem Projet mat hinnen zesummen geschafft.

Vill ass geschafft ginn an den leschten Wochen / Méint. Lass et gaangen an der Fuesvakanz. Duerch 7 Gemengen an hier Uertschaften hunn mir bei deelweis onméiglechem Wieder eis Flyer ausgedroen. Et war naass, et war kal, et huet gereent an geschneit – mee mir hunn eis net ophalen gelooss.

Elo, an der Ouschtervakanz dann sinn mir mat Auto an Remorque duerch dës Uertschaften gefuer, fir d’ Kleeder, d’ Spillsaachen, d’ Schong,.... an ze sammelen.

Eng ganz Partie ass zesummen komm, esou dass mir dann den 16.04.2016 op Tréier fueren kënnen an voller Stolz, dass mir hëllefen konnten, eis Saachen dann den zoustännegen Platzen kënnen iwwerreechen.

Helping Hands – den Motto, ënnert deem dat Ganzt gelaf ass.

Mir wëllen awer och Merci soen – well ouni Iech wier dëst Ganzt net méiglech gewiescht:

Merci der Gemeng vun Mäerzeg, dass si esou séier an onkomplizéiert bereet war, eis een Raum zur Verfügung ze stellen, fir déi ganz Saachen ze lageren.

Merci RTL Radio, dass hien all Dag den momentanen Stand (wou mir deen Dag ënnerwee sinn) iwwert d’ Wellen eraus bruecht huet.

Merci eisen Mat-Streider aus den ‘groussen Branchen’, dass si eis hëllefen komm sinn.

Merci den Elteren, déi eis esou fläisseg eng Hand ugepaakt hunn an eis Wëllefcher all Dag an eng aner Uertschaft op den Rendezvous bruecht hunn.

Merci awer och Iech all dobaussen fir Är Spenden, fir Är Matmënschlechkeet – Merci.

Mir sinn Scouten – fir eis ass et normal, dass mir hëllefen an mir maachen et och gären.

Mir wëllen just hoffen, dass mir dëst dat nächst Joer net méi brauchen ze maachen – dass déi schrecklech Ursaach heivunner bis dohin eriwwer ass...