Holzsteeë vun de Gemenge Groussbus a Wal

Praktesch op der Grenz vun deenen zwou Gemengen, am Beschrieder Bësch ass di traditionell Holzstee dëst Joer erëm organiséiert gi vum lokale Fierschter Christian Engeldinger a senger Ekipp vun der Forstverwaltung. Vill Interessenten haten sech afonnt, ob elo fir ze steeën oder e Pättchen a geselleger Ronn ze drénken. Jiddefalls konnt de pensionéierte Fierschter Jos Helbach vu Groussbus a senger Funktioun als Ausriffer sämtlech Stämm a Kouerten Holz déi zum Verkaf stoungen, séier un de Mann oder un d'Fra bréngen.