Start mat Montée bei den Groussbuser Scouten

Den 29.09 hunn d’ Scouten vun Groussbus hiert neit Scoutsjoer ugefangen... et war een flotten Nomëtteg, verbonnen mat der Montée vun den Wëllefcher an d’ AvEx. Verbonnen haten mir dat dëst Joer dann mat eisem traditionellen Grillen, wou och d’ Elteren an eis Amicale wëllkommen waren. An esou dann hunn mir – no der Ustrengung – een gemittlechen an – ganz der Scoutstraditioun no – flotten Ofschloss ronderëm d’ Feier gehat.

Wéi ech dann am nachhinein gewuer gouf, huet et verschidden vun eisen neien Memberen esou gutt gefall, dass si doheem aussergewéinlech midd an – fräiwëlleg - mat Zäiten an d’ Bett gaangen sinn an ‘ëmgekippt’ sinn. Esou... ass et richteg!