Virstellen vum Scoutissem zu Groussbus

Als Member vum Verband vun den Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS) schaffen mir no den Prinzipien vun dësem - an domat dann natierlech och no den Virgaben an den Erkenntnisser vun eisem Grënner, dem Lord Baden Powell of Gilwell (dem B.P.).


Den Credo bei den LGS ass et, integrativ ze schaffen. Esou huelen mir Meedercher an Jongen op, déi och ganz normal un den Versammlungen an Aktivitéiten zesummen deelhuelen. Och Kanner an Jugendlech mat Behënnerung sinn bei eis wëllkomm.
Den groussen Prinzip vun eisem pädagogeschen Schaffen besteet doran, op den eenzelnen Member zou ze goen, hien an senger Perséinlechkeet, senger Individualitéit ze stäerken.


Praktescht Schaffen, selwer Eppes plangen, organiséieren, dann awer och et realiséieren. Mat dëser Virgoensweis soll den Kanner, den Jugendlechen, jonken Erwuessenen den Wee vermëttelt ginn, fir spéider eng verantwortlech, eng konstruktiv Platz an der Gesellschaft ze fannen.

Esou gëtt - ofhängeg nom Alter vun den Memberen (vun dohier och déi Opdeelung vun den Memberen an Branchen) - progressiv dat eegestännegt Bestëmmen an Schaffen gefördert. 'Ask the boy' - 'ask the girl'. Dësen Grondsaz vum B.P. gëtt bei den Scouten ganz grouss geschriwwen. Mir schaffen an klengen Équipen,an deenen jiddereen zu Wuert kënnt. Ofhängeg vum Alter (vun den Branchen) ginn eis Memberen hei méi oder wéiniger vun den Cheféquipen bei hiren Décisiounen, dem Plangen an der Ausféierung ënnerstëtzt.
Dëst erfuerdert natierlech een psychologescht, pädagogescht Schaffen vun eisen Chef déi hei am Hibléck op dës verantwortungsvoll an benevol Aarbecht - ugepassten Formatiounen duerchlafen.