Wanterconcert zu Groussbus

D'Museke vu Groussbus a Wal konnten um drëtten Adventssonndeg vill Leit op hirem Wanterconcert an der Sportshal zu Groussbus begréissen. Den Ufank huet de Kanner- a Jugendensembel ënnert der Leedung vum Martine Assa-Jeck gemaach, iert dann esou richteg Chrëschtstëmmung opkoum mat Stécker ewéi "Ukrainian Bell Carol"oder och nach "Feliz Navidad". Et war dem Presentateur Roger Gereke eng besonnesch Freed den éischten offiziellen Optrëtt vun der Groussbus-Waler Musek ënnert der Leedung vum Sophie Pemmers z'annoncéieren. No der enger oder anerer Zugabe gouf nach eng lecker Assiette zerwéiert, iert dunn de Claude Geisen de Rescht vum Owend musikalesch begleet huet.