Chorale Ste Cécile „La Hammoise“ Luxembourg-Hamm

D’Chorale « La Hammoise » gegrënnt 1868 huet hir Memberen op dat traditionellt Joresiessen an de Restaurant Delicious op Sandweiler invitéiert. D’Präsidentin Hansen-Hilger Anny huet d’Sänger an hir Familljenmemberen begréisst an och den Här Robert Mamer, Deléguéierten vun der Ugda. Hien hat d’Éier zwou langjähreg Sängerinnen, d’Madame Pirsch-Zenner Martha an d’Madame Hansen-Hilger Anny mat der Verdéngschtmedaille en Vermeil fir 30 Joër belount. Weider gouf fir 5 Joer Aktivitéit am Veräin d’Madame Raman-Linster Sylvie mam Verdéngschtzeechen ausgezeechent.

De Comité vun der Chorale huet hire langjähregen Dirigentinnen Schilling-Thill Annick fir 11 Joer an Ludivig-Oberlinkels Renée fir 12 Joer Amtszäit an dëser Funktioun Blummen iwerreecht. Den aktuellen Dirigent Reuter Jeff krut fir him eng Freed ze maachen eng Blimmchen vun der Musel. Déi langjähreg Organistin Carmen Borg, an déi 3 Jubilaren kruten ebenfalls e Bouquet geschenkt.

Den Här Robert Mamer huet sech bedankt. Et wor him eng Éier bei der Chorale Hamm, déi hien säit laangem kennt, invitéiert ze sinn. Hien huet all Sänger félicitéiert fir hirt Engagement an speziell dem Dirigent Jeff Reuter, deen zënter 15 Méint kiirchlech wéi weltlech Lidder astudéiert. Hien huet der Sous-Dirigentin Renée Ludivig fir hirt Engagement gratuléiert. Si entrainéiert zënter engem Joer 11 Jongsänger déi 2013 ewell un 3 Concerten zesummen mat deenen Erwuessenen Sänger Deel geholl hunn.

No dëser Aleedung huet d’Gesellschaft e gemittlechen Owend bei engem excellenten Iessen verbruecht. (H.A.)