5. Nopeschfest zu Heischent

Den 27. Mee hunn d’Leit aus dem Neiewee an aus dem Schaakspesch vun Heischent hiert mëttlerweil 5. Nopeschfest organiséiert. Knapp 70 Noperen hunn sech bei der Sportshal zu Heischent zesumme fonnt fir ze feieren. Während déi kleng Noperen sech um Sprangschlass konnten ameséieren, hunn déi Grouss fir hir Nopere gegrillt a gebak. Dat perfekt Wieder huet och säin Deel zur gudder Stëmmung bäigedroen, sou dass bis spéit an d’Nuecht zesumme gepotert, gefeiert a gelaacht gouf.


D’Nopeschfest ass fir d’Leit aus dësen 2 Stroossen eng wichteg Initiative, déi fir e bessert Zesummeliewen a méi Liewensqualitéit steet. Eent steet elo op alle Fall scho fest : 2018 gëtt dat sympathescht Fest nees widderholl !