Kannerwonschbam : eng gelonge Solidaritéitswell am Kanton Wooltz

Fir d’Adventszäit huet de Lions-Club vu Wooltz, zesumme mam Office social vu Wooltz, d’Solidaritéits-Aktioun vum « Kannerwonschbam » organiséiert. D’Ziel vun dëser Initiative war et, fir dass all Kand am Kanton fir Chrëschtdag d'Chance sollt hunn, ee Wonsch erfëllt ze kréien, an dëst onofhängeg vu sengem sozialen Ëmfeld.

Dank der logistescher Ënnerstëtzung vun de Gemenge Bauschelt, Esch-Sauer, Géisdref, Stauséigemeng, Wanseler a Wooltz an der formidabeler Generositéit vun hire Bierger konnt am Endeffekt mat grousser Zefriddenheet festgestallt ginn, dass d'Wënsch vun alle betraffene Kanner konnten erfëllt ginn. D’Kaddo’en goufen dunn och den 22. Dezember de Kanner am Schlass zu Wooltz iwwerreecht. Besonnesch frou waren d’Kanner och iwwert de léiwe Geste vun der Regionalschoul vun Harel, déi fir all Kand och nach eng Tiitche vum Kleeschen dobäi geluecht huet. Bemierkenswäert war och d’Initiative vun de Gemengenaarbechter vun der Gemeng Wooltz, déi sech mat engem Don vu 700 € bei der Aktioun bedeelegt hunn.

Mir wëllen op dësem Wee deene ville Leit Merci soen, déi et erméiglecht hunn, dass d’Aen vu bal 120 Kanner dëst Joer e bësse méi geblénkt hunn. A well et jo bal näischt méi Schéines gëtt wéi frou Kanner, huet de Lions-Club vu Wooltz decidéiert fir dës sympathesch a wichteg Aktioun am Joer 2017 ze widderhuelen.