2. Editioun vum Kannerwonschbam am Kanton Wooltz

Fir d’Adventszäit huet de Lions-Club vu Wooltz, zesumme mam Office social vu Wooltz, déi 2. Editioun vum « Kannerwonschbam » organiséiert. D’Ziel vun dëser Initiative war et, fir dass all Kand am Kanton fir Chrëschtdag d'Chance sollt hunn, ee Wonsch erfëllt ze kréien, an dëst onofhängeg vu sengem sozialen Ëmfeld.


Nodeems den Office social d’Critère festgeluecht huet, fir an de Genoss vun dëser Aktioun ze kommen a mat de betraffene Famillje Kontakt opgeholl huet, hunn d’Gemenge Bauschelt, Esch-Sauer, Géisdref, Stauséigemeng, Wanseler a Wooltz hier wichteg logistesch Ënnerstëtzung geliwwert. De Lions-Club sengersäits huet sech ëm d’Koordinatioun vum Projet bekëmmert.


Dank der der formidabeler Generositéit vun de Bierger konnten och ALL d’Wënsch vun de betraffene Kanner konnt erfëllt ginn. Sou hunn eng 140 Kanner hire Kaddo den 21. Dezember am Schlass zu Wooltz iwwerreecht kritt. Merci deene ville Leit, déi et erméiglecht hunn, dass d’Aen vu de betraffene Kanner dëst Joer e bësse méi geblénkt hunn !