Nopeschfest am Neiewee an am Schaakspesch zu Heischent

Den 28. Mee hunn d’Leit aus dem Neiewee an aus dem Schaakspesch vun Heischent hiert 4. Nopeschfest organiséiert. Och fir dës Editioun hu sech zirka 60 Leit an der Sportshal zu Heischent getraff fir zesummen ze feieren. Fir déi kleng Noperen ass e Sprangschlass organiséiert ginn, an déi Grouss hunn fir hir Nopere gegrillt, gebak oder och nach Zalote matbruecht.

An dësem ongezwongene Kader, wou jiddereen eng Hand mat ugepaakt huet, gouf dunn zesumme giess a bis zu spéider Stonn mat deem engen oder anere gepotert. Well d’Nopeschfest déi ideal Geleeënheet ass fir sech besser ënnerteneen kenne ze léiere, räisst den Erfolleg vun dësem gemeinsame Fest och net of. Dëst gëllt ganz besonnesch fir déi Leit, déi nei bäigezunn sinn.

Duerch d’Nopeschfest gëtt e bessert Zesummeliewen gefuerdert an et entsteet doduerch méi Liewensqualitéit an der Strooss. Dofir steet de Rendez-Vous fir 2017 och schonn fest am Kalenner !

(Foto : Yves Karier)