D'Gemengen aus dem Kanton Wooltz bedeelege sech beim Kannerwonschbam

Ab dem 21. November bedeelege sech d’Gemengen aus dem Kanton Wooltz un der Solidartéits-Aktioun vum « Kannerwonschbam ». Ziel vun dëser Initiative ass et, dass all Kand am Kanton, onofhängeg vu sengem sozialen Ëmfeld, fir Chrëschtdag soll e Cadeau kréien. Fir dëst Ziel ze erreechen, kënnen d’Bierger aus de Gemenge Bauschelt, Esch-Sauer, Géisdrëf, Stauséigemeng, Wanseler a Wooltz selwer eng Hand mat upaken, andeems si engem Kand säi Wonsch erfëllen.

Dofir kënnen si tëschent dem 21. November an dem 5. Dezember op hir Gemeng goen, wou sou ee Kannerwonschbam steet. Dëse Bam ass mat Stären dekoréiert an op all Stär steet ee Wonsch vun engem Kand aus hirer Géigend. D’Leit kënnen dann dem Kand säi Wonsch erfëllen, andeems si de Cadeau kafe ginn an de Cadeau virum 15. Dezember op hirer Gemeng hannerleeën. Dat betraffend Kand kritt de Cadeau dann nach viru fir Chrëschtdag iwwerreecht.

Ze bemierken ass, dass et sech hei ëm Cadeau’en handelt an engem Wäert vu manner wéi 50 € an dass den Anonymat, souwuel vun de Kanner wéi och vun den Donateuren, garantéiert bleift.

Alternativ kënnen d’Leit och eng Iwwerweisung op de Konto vum Lions-Club Grand-Duché Ardennes maachen, mat der Mentioun « Kannerwonschbam », LU93 0020 1272 1710 0000 (BILLLULL)

Beim « Kannerwonschbam » handelt et sech ëm eng Initiative vum Lions-Club Grand-Duché Ardennes, zesumme mam Office social vu Wooltz an de Gemengen aus dem Kanton Wooltz.

D’Critère, fir an de Genoss vun dëser Aktioun ze kommen, ginn vum Office social festgeluecht, fir sécher ze stellen, dass objektiv, neutral a professionell Critèren festgehale ginn.