Christiane Degraux nei Presidentin vun der DP Jonglënster/Roudemer

Viru kuerzem huet di Jonglënster DP Sektioun hir Generalversammlung gehalen, an do gouf d'Christiane Degraux eestëmmeg vun allen uwiesenden Memberen zur neier Presidentin bestëmmt, dëst nodeem de Marc Schroeder no 7 Joër als President wollt Plaz maachen, well hien am Februar fir de Roland Weis an de Gemengeroot komm ass.

D'Christiane ass déi éischt Dame, déi zu Lënster elo DP -Ekipp waert féieren - mat hirem Asaz an hirem Charme, awer och hiren neien Iddien waert si den Ekippegeescht förderen a weiderhin derfir suergen, dass hir Leit eng fair a konstruktiv Oppositiounspolitik maachen, mam Ziel bei den nexten Wahlen an der Majoritéit Akzenter kënnen ze setzen.

Begléckwënscht gouf d'Christiane, niewt allen Memberen, och vun der Mme Maggy Nagel, Minister fir Kultur a Wunnegsbau sou wéi de Vertrieder vun der JDL, Joe Nilles a Carole Hartmann.

Mat daer neier Presidentin ass och wiederhin mat enger staarker DP an der Gemeng Jonglënster ze rechnen.