Merci Roland !

Am Dezember huet den DP-Conseiller Roland Weis no 18 Joër aus dem Lënster Gemengerot demissionéiert. De Roland war vun 1996-1999 Schäffen an der Gemeng, a sait dem Joër 2000 Conseiller.
Laut sengen Aussoën intresséiert hien sech nach ëmmer fir d'Gemeng a wëll och weider am Comité matschaffen, an awer wier et un der Zait gewiescht fir engem méi Jonken Plaz ze maan: " Et gëtt vill vun Renouveau an der Politik geschwat, ech droën mai Deel dozou bai!"
Sait 1969 Member an der Partei, huet de Roland 1987 seng éischt Wahlen zu Lënster matgemaach, a bei all weideren Gemengewahlen konnt hien sai perséinlecht Resultat, awer besonnesch och daat vun senger Ekipp steigeren: den Ekippegeescht war dem Roland ëmmer immens wichteg fir Erfolleg ze hun.
Iwwer all di Joren vun politescher Aktivitéit huet de Roland och an de regionalen an nationalen Gremien vun der Partei matgeschafft.
No enger klenger Ried huet di nei Presidentin Christiane Degraux him Merci gesoot fir sain Engagement, an de Joé Nilles huet him eng grouss Corbeille mat regionalen Produkter iwwerreecht.
Merci fir dain Asaz all di Joren!