Scolaires vum Lënster Fussball klammen an di 3.Klass

Duerch e souveränen 6-2 zu Hesper huet d'Ekipp vum Jean Rech alles kloër gemaach:
9 Victoir'en bei nemmen enger Néierlaag, e Golverhältnis vun 56 zu 7 (+49) !!!!! sin duer gaangen fir di 4.Klass ze verloossen...... an d'Jongen si weider hongreg drop, och an der 3.Klass eppes ze leeschten a weider ze kommen.

Dass di Lënster Jugendekippen dëst Joër esou gudd a konstant spillen ass d'Resultat vun enger jorelaanger Opbauarbecht am Jugendberaich, déi elo hir Friichten dréit. (Och Cadets klammen eng Klass, Minimes halen hir Plaz an der II.Klass)

Mat Sécherheet waerten geschwënn di éischt Jugendspiller zur 1.Ekipp stoussen an do hiren Asaz an hirt Talent beweisen.

An de Scolaires hun des Saison gespillt ( Photo vlnr, ënnen: Tun , Paddy, Felix, Micky, Pit,Luca / uewen, vlnr: Jean Rech, Taghd, Maurice, Maxence, Ben, Joao, Nicolas)

Bonne Chance fir d' 1/4 Finall vun der Coupe a fir de FUTSAL!