Nei Trikot'en fir d'Jugendekippen vum FCJ Jonglënster

Am Kader vun enger sympathescher Feierstonn kruten d'Minimes vum Trainer Jorge Bastos e Samsdeg vrun hirem Match nei Trikot'en iwwerreecht mam Logo vun der "Villa Wichtel". D'Sandrine an de Marc Hoffmann zeechnen fir de Sponsoring vun der Ekipp verantwortlech a si kruten vun de Kanner an vu der Jugendkommissioun an der Persoun vum Christian Nilles Merci gesoot fir dee léiwe Geste.
Doniewt kruten d'Ersatzspiller esou wéi d'Trainer Jacketten mam Logo vun der Firma MHC - Immobilière Marc Hoffmann.

Awer och d'Minimes sin mat neien Trikot'en ausgerüst gin an zwar vun der "Nouvelle Carrosserie Schintgen" vun Gonneréng. Och der Famill Helat e grousse Merci fir dee sympateschen Geste.

D' Jongen waerten an deenen neien Trikot'en hirt Bescht gin fir gudd Resultater mat heem ze bréngen.