De Marc Schroeder gouf als neien Gemengenconseiller vereedegt

Virun de Gemengerootssëtzung vum Freideg, 7.Februar, ass de Marc Schroeder vun der Buergemeeschtesch Francine Colling - Kahn als neien Conseiller vereedegt gin.
De Marc Schroeder ass 48 Joër al, bestued a Papp vun 2 Meedecher. Vu Beruff ass de Marc Drécker. Seng politesch Interessen gëllen besonnesch der Emwelt an der allgemenger Gemengenentwécklung.
A sénger Fraizait spillt de Marc DëschTennis an ass aktiv am Gonnerénger Duerfclub.
Bei de Walen vun 2011 haat de Marc mat 1036 Stëmmen di 5.Plaz op der Lëscht vun der DP beluecht, daer Partei, daer hire President de Marc seit 2007 ass.
Duerch de Récktrëtt vum Roland Weis, deen no 18 Joër am Gemengerot engem méi jonken Politiker wollt Plaz maachen, ass de Marc Schroeder elo am Conseil a waert sech do, zesummen mat sengen Fraktiounskolleegen Gilles Baum, Gilbert Kapp a Fränz Ries ëm eng konstruktiv a fair Oppositiounsarbecht beméien.
Photo (dd)