De Bicherbuttek as dese Sonndeg op

De Bicherbuttek vum Lënster Bicherclub LUXEMBURGENSIA asbl
um 1. Stack an der Loupëscht (école préscolaire) ass dese Sonndeg
vun 9h30 bis 12h00 op.

Mir hun gebrauchten, antik a vergraffe Bicher vun all Zort
(Romaner, klassesch Literatur, Konschtbicher, Fachbicher, Encyclopedien, Lexika, Atlassen, Kachbicher, Kannerbicher, Bibelen, Gebietsbicher, Schoulbicher, asw.), virun allem awer Luxemburgensia.

Mir verkafe gebrauchte Bicher - zou gënschtege Präisser;
den Erléis ass fir e kulturellen Zweck.