Concert “All Together” vun der Käler Musek

Den 28. an den 29. Abrëll hat d’Käler Musek mam Projet “All Together” e ganz besonnesche Concert an der Téitenger Schungfabrik. D’Iddi fir dëse Concert hat hiren Dirigent, de Sandro Bucciarelli. Well hie sech selwer vill fir d'Flüchtlingen engagéiert huet, déi zënter kuerzem am Land sinn, ass e ganz séier mat enger Rei Leit vun der Croix- Rouge a Kontakt komm, déi sech fir d’Integratioun vun Awanderer asetzen. No an no koum d’Iddi op, mat jugendleche Flüchtlingen déi a Foyer’e vum Roude Kräiz liewen, eng Chorale op d’Been ze stellen. Domat war de Grondsteen geluet fir de World Choir, deen am Mëttelpunkt vum Concert “All Together” stung.

Dës Initiativ ass séier op oppen Ouere gestouss, a sou wollt d’Käler Musek dann och an deem Kader e Concert maachen, dee géng am Zeeche vun der Integratioun an dem Versteesdemech stoen. Sou hu mer no an no d’Chorale des Jeunes du Conservatoire de la Ville d’Esch, de bekannte lëtzebuerger Sänger Serge Tonnar, den iranesche Sänger Tohid Tohidi an de Grupp Hariko kontaktéiert. All ware si begeeschtert bei eisem Projet matzemaachen an e Benefiz-Concert zesummen z’organiséieren. Sou stung dann och séier fest, datt den Erléis vun den Entrées-Ticketen un d’Lëtzebuerger Croix-Rouge an un d’Associatioun “Mir wëllen Iech ons Heemecht weisen” géng gespend ginn. D’Musek konnt och op déi léif Ënnerstëtzung vun der Gemeng Kayl zielen, déi de Patronage vun dësem Concert iwwerholl huet, an de Projet mat gedroen huet.

Aussergewéinlech war un dësem Concert, datt net manner wéi 12 Nationalitéiten op der Bühn vertruede waren, déi sech an deene sëlleche Prouwen am Virfeld ëmmer méi no komm sinn. Déi flott Ambiance war souwuel op der Bühn, wéi och am Sall däitlech ze spieren. Mee och de Message vun engem friddleche Mateneen ass duerch d’Lidder déi um Programm stungen ëmmer nees ënnerstrach ginn, an huet vill Nolauschterer ganz besonnesch beréiert.

Aussergewéinlech war och, datt d’Käler Musek d’Geleeënheet hat mat esou erfuerene Kënschtler wéi dem Serge Tonnar an dem Tohid Tohidi opzetrieden. D’Arrangementer vun de Stécker fir Gesang an Harmonie-Orchester ware praktesch all aus dem Sandro Bucciarelli senger Fieder, an hunn iwwer déi zwee Owender iwwer 300 Nolauschterer begeeschtert. “All Together” war e Projet voller Ënnerscheeder, Sproochen a Kulturen, dee ganz vill Leit duerch eng Saach zesummebruet huet, déi hinnen all um Häerz läit: an dat ass d’Musek.