D'Käler Musek kacht Quetschekraut

Déi lescht zwou Wochen huet et bei der Käler Musek nees geheescht: Quetschen opmaachen, Quetsche kachen an dat gutt traditionellt Quetschekraut afëllen. An elo ass d'Musek prett fir hiert Quetschefest. De 7., den 8. an den 9. September kann een der Harmonie Ste Cécile hiert Quetschekraut beim Cactus zu Kayl kafen. Doniewt verkafe mer Quetschewäin, Quetscheschampes, Drëpp a Quetschelikör. Gegrills a Gedrénks gëtt et wéi gewinnt och bei eisem Gedrénksstand.