12.000 € gespend vun der Par Mamerdall - St. Christophe

Traditionellerweis gouf d'Aarbechtsjoer an der Par Mamerdall - St. Christophe mat enger grousser Open-Air-Familljemass ofgeschloss. Uschléissend un d'Mass war wéi ëmmer e flott Grillfest, wat de Startschoss ginn huet fir d’Sozialaktioun vum nächsten Aarbechtsjoer. A fir d'Sozialaktioun vun dësem Joer ofzeschléissen, goufen 2 Schecken iwwerreecht: je 6.000 € kruten d'Asbl "Sourire en Haïti" an d'Asbl "Ile aux clowns”, déi e groussen Merci fir dëse generéisen Don ausgeschwat hunn. D’Sue goufen am Laf vum ganze Joer duerch verschidden Aktiounen gesammelt. Grouss a Kleng hunn an der Par dozou bäigedroen, datt dës enorm Zomm zesummekomm ass. E ganz besonnesche Merci ass awer un d’Sr. Modesta vun den Elisabetherinne gaangen. Si huet den Erléis vun hirem Floumaart-Verkaf gespend a mat 3.000 € wesentlech zum Erfolleg vun der Aktioun bäigedroen.