Par Mamerdall St. Christophe: 6000 Euro fir d'ASBL "Wäertvollt Liewen"

Viru kuerzem gouf an der Par Mamerdall St. Christophe den Ofschloss vum Joer gefeiert mat enger flotter Open-Air-Kannermass zu Keespelt. Des Mass gouf gehaale vum Kaploun Jacques Bruns a musikalesch animéiert vum Musiksgrupp aus der Par. Um Uschloss un d'Mass gouf dunn de Scheck iwwerreecht vun der Sozialer Aktioun, déi sech wéi ëmmer iwwer e ganzt Joer higezunn huet. Déi 6000 Euro déi duerch verschidden Aktiounen gesammelt goufen, wäere fir d'ASBL "Wäertvollt Liewen", déi sech dofir asetzen, datt Mënschen déi un ALS erkrankt sinn, an hierem familiären Emfeld kënne weiderliewen. D'Vertrieder vun der ASBL hu Merci gesoot fir des wichteg Ënnerstetzung vun hierer Arbecht. Mam Grillfest no der Mass gouf dunn déi nächst Sozial Aktioun vun der Par agelaud.