Chrëschtmaart Leideleng - en klengen Virgeschmaach

Den nächsten Sonnden, 26. November, ass et rem sou wäit : den traditionnellen Chrëschtmaart vun den Fraen a Mammen steet rem virun der Dir. Hei en klengen Bléck op déi schéin Chrëschtdekoratiounen, déi mat vill Léift selwer kreéiert gin. Doniewt gëtt et natierlech och rem Adventskränz - klassesch oder originell - déi dir pünktlech fir den éischten Advent kënnt ofhuelen.


Ausserdem gëtt et wéi all Joer hausmaacher Hierken, Schneeckereien an eng flott Tombola. D'Fraen a Mammen Leideleng freeen sech op äeren Besuch !


Méi Informatiounen op der Säit vun der Manifestatioun : https://www.wort.lu/fr/mywort/leudelingen/event/chreschtmaart-2017-marche-de-noel-5a0eaa5bc1097cee25b77676