Fraen a Mammen - Chèque fir Médecins sans Frontières

D’Fraen a Mammen vu Leideleng haten den Méinden 15. Mee fir hir Memberen eng Visite guidée vum Stade de Luxembourg organiséiert. Duerno war e gemeinsamt Mettegiessen ugesot. Bei der Geleenheet gouf e Scheck vun 3.500 € un Médecins sans Frontières iwwerreecht. Dess Somme ass den Erléis vum Fréijoersfest vum 17. Mäerz 2023, an ass virgesinn fir d’Affer vun den Äerdbiewen an der Türkei an a Syrien.