D'Fraen a Mammen Leideleng spenden 5.500 Euro

Den 30. Januar 2024 hunn d’Fraen a Mammen vun Leideleng hir Generalversammlung ofgehal.

D’Joer 2023 war ganz erfollegräich. Grousse Succès hat de Kannerfuesbal, mee och d’Freijoersfest war ganz gudd besicht. De Boni vun deem Dag ass a Form vun engem Chèque vun 3000 € un Médecins sans Frontières gaang als Hëllef fir d’Äerdbiewenaffer an der Türkei an a Syrien. Och konnt um Chrëschtmaart e gudde Bénéfice gemeet gin, esou dass d‘Joër 2023 positiv ofgeschloss gin ass.

Uschléissend un d’Generalversammlung gouf e Scheck vun 5000 € un d’Fondation EME iwwerreecht. D’Solidaritéitsaktioun vun der ACFL gouf och net vergiess an 500 € goufen iwwerwisen.

E grousse Merci un all di Leit, déi d’Fraen a Mammen ënnerstëtzt hun, sief et mat hirer Presenz oder mat engem Don !