D'Fraen a Mammen Leideleng spenden 8.500 Euro

Den 27. Januar 2026 hunn d’Fraen a Mammen vun Leideleng hir Generalversammlung ofgehal.

D’Joer 2025 war ganz erfollegräich. Grousse Succès hat de Kannerfuesbal vum 9. Februar 2025. D’Freijoersfest vum 16. Mäerz esou wie de Chrëschtmaart vum 23. November 2025 waren och ganz gudd besicht, esou dass all Kéier e schéine Boni Rescht bliwen ass. Demno konnt um Enn vun der Generalversammlung jeweils e Scheck vun 4000 € un d’Fondation Jean Hamilius Jr. an un ALAN Maladies Rares Luxembourg iwwerreecht gin

D'Solidaritéitsaktioun vun der ACFL gouf och net vergiess : si kritt 500 € iwwerwiss.


E grousse MERCI un all déi Leit, déi d’Fraen a Mammen all Joër ënnerstëtzen, sief et mat hirer Präsenz oder mat engem Don.