D'Fraen a Mammen spenden iwwer 10.000 Euro

Bei der Geleeënheet vun der Generalversammlung vun den Fraen a Mammen waren den 31. Mee 2022 am Centre sociétaire « An der Eech » vill Memberen vun der Associatioun agetraff. Och waren present d’Madame Buergermeeschter Diane Bisenius-Feipel an d’Memberen vum Gemengerot Här Patrick Calmus, Här Lou Linster an Här Jean-Pierre Roemen souwi den Här Paschtouer Romain Kroeger.

Duerch d’Sanitärkrise gouf et 2021 keng Generalversammlung an sou goufen bei dëser Occasioun, d’Aktivitéiten vun den leschten zwee Joer, genee wéi déi finanziell Resultater, virgestallt. D’Joeren 2020 an 2021 waren trotz Pandemie ganz erfollegräich : et huet missen ëmgeduecht ginn an d’Fraen a Mammen waren innovativ. 2020 waren si haaptsächlech mat Stänn um Frëschmaart aktiv wou Gebäck an Hierken am Take-out verkaaft goufen. Och 2021 ass den Veräin nach duerch de Covid-19 gebremst ginn, mee d’Manifestatiounen, déi an ugepasster Form organiséiert goufen, haten hiren Succès an esou konnten déi zwee Joer all Kéiers mat engem Gewënn ofgeschloss ginn.

D‘Joer 2020, zum Beispill, gouf et een beträchtlechen Bonus, deen schonn am Oktober 2021 konnt an Form vun Don’en vun 10 000 Euro iwwerreecht gin : 5 000 Euro sin un « Médecins du Monde » an 5 000 Euro un « Femmes en détresse » gaangen.

Och 2021 war positiv ofgelaf um finanziellen Plang. Am Ganzen beleeft den Montant vun den Don’en sech op 10 500 Euro. No der Usprooch vun der Madame Buergermeeschter an de Wierder vum Här Paschtouer gouf et en Chèque vun engem Montant vun 5 000 Euro fir d’« Association Luxembourgeoise des Groupes Sportifs Oncologiques asbl ALGSO », vun 5 000 Euro fir d’ « Médecins sans Frontières Luxembourg asbl » an vun 500 Euro un d’ACFL-Solidaritéitsaktioun « Fraen hëllefe Fraen – En Agrarprojet zu Tamil Nadu (Indien)».

D’Vertrieder vun den Organisatiounen konnten iwwer hir Projeten zielen. D’Madame Josiane Trierweiler an d’Madame Béa Ries hun d’ALGSO virgestallt an d’Madame Michèle Jensen vun MSF Luxembourg huet d’Aarbecht vun MSF am Congo erklärt.

Zum Schluss gouf nach bekanntgemaach, dass sech d’Madame Irma Christnach no 44 Joer aus dem Veräinscomité zréckzitt. Grënnungsmember vun den Fraen a Mammen Leideleng, war si 20 Joer laang Vizepräsidentin souwéi 10 Joer laang Präsidentin vum Veräin an duerno aktiven Member am Comité. Hieren Récktrëtt gouf mat engem groussen Merci an engem passenden Geschenk ugeholl. No dach engem emotionalem Moment konnt en neie Comitésmember opgeholl gin an bei enger klenger Agape ass den Owend gemittlech ofgeschloss gin.