D'Fraen a Mammen spenden iwwer 10.000 Euro

Bei der Geleeënheet vun der Generalversammlung vun den Fraen a Mammen waren den 24. Januar 2023 am Centre sociétaire « An der Eech » vill Memberen vun der Associatioun agetraff. Och waren present d’Madame Buergermeeschter Diane Bisenius-Feipel an d’Memberen vum Gemengerot Här Patrick Calmus an Här Lou Linster souwi den Här Paschtouer Romain Kroeger.

D’Joer 2022 war trotz Pandemie ganz erfollegräich. D’Manifestatiounen, déi an ugepasster Form organiséiert goufen, haten hiren Succès an esou konnten d’Joer mat engem Gewënn ofgeschloss ginn.

Am Ganzen beleeft den Montant vun den Don’en sech op 10 500 Euro. No der Usprooch vun der Madame Buergermeeschter an de Wierder vum Här Paschtouer gouf et en Chèque vun engem Montant vun 5 000 Euro fir d’« Aide au Développement de la Santé », vun 5 000 Euro fir d’ « Rokku mi Rokka » an vun 500 Euro un d’ACFL-Solidaritéitsaktioun « Fraen hëllefe Fraen – En Agrarprojet zu Tamil Nadu (Indien)».

D’ Generalversammlung war och d’Geleegenheet, dass d’Vertrieder vun den Organisatiounen konnten iwwer hir Projeten zielen. Den Dr. Alain Charpentier huet d’Aarbecht am Laos vun Aide au Développement de la Santé erklärt : Operatiounen fir häerzkrank Kanner an Ausbildung vun Chirurgen an Infirmieren, dei sur place aktiv sin. Den Herr Yves Theisen huet d’Aktiounen vun Rokku mi Rokka am Senegal virgestallt, wou et sech virun Allem em Betreiung vun Mënschen mat enger Behënnerung handelt.

Bei enger klenger Agape ass den Owend gemittlech ofgeschloss gin.