D'Fraen a Mammen Leideleng spenden 5000 €

D'Fraen a Mammen hun den 10. November der Associatioun "Pour un sourire d'Enfant - Luxembourg (PSE Luxembourg)" en Chèque am Wäert vun 5000 € iwwerreecht. Dësen Don stellt den Erléis vum Fréijoersfest, dat all Joer vum Veräin organiséiert gëtt.


Fir d'Occasioun haten d'Fraen a Mammen, zesummen mat der Chancegläichheetskommissioun vun der Gemeng Leideleng, op en Filmowend invitéiert. Den Film "Les Pépites" handelt vum Marie-France an den Christian des Pallières, déi hiert d'Liewen dozou gewidmet hun aarmen Kanner am Cambodge ze hëllefen. Si sin d'Fondateuren vun der Associatioun "Pour un sourire d'Enfant", déi weiderhin d'Aarbecht fir d'Kanner am Cambodge ënnerstëtzt.


Vertrieder vun der Antenne Lëtzebuerg waren do fir den Chèque entgéint ze huelen an hier Organisatioun virzestellen. Duerno huet d'Gemeng Leideleng en Éierewäin offréiert.


Entdeckt d'ONG iwwert hiere site https://pse.ong/luxembourg oder kuckt Iech den Video hei ënnedren un :