D'Fraen a Mammen Leideleng spenden iwwer 10.000€

D’Fraen a Mammen Leideleng bestinn zanter 40 Joer an an däer Zäit goufen am Ganzen iwwer 150 000 Euro gespend. Och d’Joër 2019 konnt um finanzielle Plang ganz positiv vun den Fraen a Mamme Leideleng ofgeschloss gin an sou konnten Donen vun 10.500 € iwwerreecht gin.

Bei der Geleenheet vun der Generalversammlung vum 28. Januar 2020 konnt d’Madame Alexandra Oxaceley 5000€ fir d’„Stëmm vun der Strooss“ entgéinthuelen.

Am November konnt schon e Chèque vun 5000€ iwwerrecht gin an zwar un d’Associatioun „Pour un sourire d’enfant“, dëst no der Projectioun vum Film „Les pépites“, deen d’Entstoen an d’Arbecht vun der Vereenegung weist. 500€ sin un d’Solidaritéitsaktioun vun der ACFL gaangen.

Wéi all Joer sin op der Generalversammlung d’Aktiounen vun de Fraen a Mammen Leideleng virgestallt gin. 2019 war och an dem Sënn rëm ganz erfollegräich.

No der Begréissung duerch d’Präsidentin Andrée Sunnen-Klein, ass den Tätigkeetsbericht virgeluecht ginn. D’Haaptmanifestatioune – de Kannerfuesbal vu Fetten Donneschden, d’Fréijoersfest vum 17. Mäerz an de Chrëschtmaart vum 24. November – waren all Kéiers gutt besicht an dat huet sech an der Keess bemierkbar bemaach. Mee 2019 waren och nees aner Aktivitéite geplangt : zum Beispill d’Visite guidée vun der Ausstellung „Les origines de la civilisation chinoise – Trésors archéologiques du Hénan“, déi e grousse Succès hat. D’Memberen waren dëst Joer nach emol aktiv bei der Sortie op d’Schueberfouer an der Participatioun um Broschtkriibslaf dobäi.

Do dernieft war de Veräin bei enger ganzer Rei Manisfestatiounen, déi vun der Kierch, vun der Gemeng oder vun der ACFL organiséiert goufen, präsent. Sou war d’Generalversammlung vun der ACFL dëst Joer zu Leideleng organiséiert an d’Fraen a Mammen hun d’Agape fir no der Ouschtermass zu Leideleng préparéiert an servéiert.

Bei engem klengen Maufel ass den Owend gemittlech ofgeschloss gin.