Fraen a Mammen Leideleng - Generalversammlung

D’Generalversammlung vun den Fraen a Mammen den 30. Januar 2018 war d’Geleegenheet fir zréckzeblécken op d’Joer 2017. Nieft dene ville Memberen vum Veräin, déi den Wee an den Kultur- a Veräinszentrum „An der Eech“ fonnt haten, konnt d’Präsidentin Andrée Sunnen-Klein och d‘Madame Buergermeeschter Diane Bisenius-Feipel, den Scheffen Tom Berend, d’Gemengerotmember Christiane Hamen-Schmit an den Här Paschtouer Romain Kroeger begréissen.


D’Lëscht vun den Aktivitéiten 2017 ass laang an och dëst Joer waren d'Fraen a Mammen rem vill ennerwee. D’Visite guidée vun der Ausstellung iwwert den Pont Adolphe am Musée 3 Eechelen, d’Sortie op d’Schueberfouer an den Ausfluch mam Zuch op Dikkrich mat Iessen am Restaurant vun der Hotelschoul waren all Kéiers e grousse Succès.


Bei schlechten Wieder an gudder Laun huet et am Juli geheescht : een Dag op Namur. Um Programm stoung d’Visite vun der Staadt, der Citadelle an vum Atelier de parfumerie Guy Delforge. En ganz besonnegen Moment war och den Weekend vun 3 Deeg zu Stuttgart am November mat e.a. der Visite vum Porschemuseum an dem Musical Mary Poppins.


Mee et gouf och wéi all Joers vill geschafft. Déi traditionnell Manifestatiounen vun den Fraen a Mammen ware wéi all Joer ganz gutt besicht : d’Kannerfuesparty vun Fetten Donneschden, d’Fréijoersfest vum 12. Mäerz an de Chrëschtmaart vum éischten Advent. Den Succès huet sech och an der Kees bemierkbar gemaach. Sou konnt d'Joer 2017 finanziell net nëmmen positiv ofgeschloss gin, mee direkt 3 Schecker am Wäert vun 8 000 € konnten iwwerreecht gin!


Sou gouf et en Don an Héicht vun 5000 € fir d’Caritas fir den Projet „Caritas für die Opfer der Waldbrände in Portugal“ ze ënnerstëtzen, och 2500 € sin un ALAN Maladies Rares Luxembourg gaangen an d’ACFL-Aktioun " Epiceries sociales vun der Caritas : Zesumme géint d’Aarmut zu Lëtzebuerg!" kruten 500 €.


D'Vertrieder vun denen éischten zwou Associatiounen waren och op der Versammlung präsent. Den Här Pedro Antunes huet Erklärungen gin iwwer d’Aktiounen an Portugal déi biswell réaliséiert goufen an den Här Alphonse Ansay hat d'Geleegenheet seng Organisatioun virzestellen.


An der Usprooch vun der Madame Buergermeeschter an dem Här Paschtouer

ass den Owend gemittlech bei engem gutt gefëllten Kéisplateau ofgeschloss gin. D'Fraen a Mammen Leideleng hun demno gutt an d’Joer 2018 agestart an sin prett fir nei Succèsen!