Fraen a Mammen spenden iwwer 10.000€

D’Fraen a Mammen vun Leideleng haten den 8. Oktober 2021 eng gutt besichten Wanderung, bei schéinsten Hierschtwieder iwwert d’Gewaan an duerch de Bësch vu Leideleng organiséiert. Des Wanderung haten si als Beitrag zum virtuellen Broschtkriibslaf vun Europa-Donna virgesinn an och 250 € dofir gespent.

No der Wanderung waren all d’Memberen invitéiert fir un der Scheckiwwerreechung deelzehuelen. Trotz Pandemie haten d’Fraen a Mammen am Joer 2020 duerch hier Präsens um Frëschmaart e schéine Bénéfice gemaach. Esou konnten si jeweils 5000 € un « Femmes en Détresse » an un « Médecins du Monde » iwwerreechen. Di zwee Vertrieder hunn hier jeeweils Organisatioun virgestallt. Duerno konnt een sech um Kéisbuffet zerwéieren an bei enger Taass Kaffi an engem Stéck Taart den Owend auskléngen loossen.

An der Hoffnung, dass si sech erëm méi dacks fir esou Geleeënheeten kënnen erëmgesinn ass den Owend bei gudder Laun ofgeschloss gin.