Fréijoersfest zu Leideleng

Leschten Sonnden 11. Mäerz gouf et rem groussen Undrang beim Fréijoersfest vun den Fraen a Mammen Leideleng.

Vill Leit huet et an den Kultur- a Veräinsbau An der Eech gezunn fir et sech gutt schmaachen ze loossen beim traditionnellen Judd mat Gaardebounen a Speckgromperen oder bei hausgemaachten Spaghetti alla Bolognese.

Den grousse Choix un Arrangementer mat frëschen Blummen an aner Ouschterdekoratiounen fir dobannen oder dobaussen haten och den gewinntenen Succès.

Fir an Fréijoerslaun ze kommen huet dunn um 3 Auer d’Leidelenger Chorale Ste Cécile mat engem schéinen Concert gesuergt.

Beim Kannerspillsaachenfloumaart konnten d'Kanner beim Kafen an Verkafen gutt Affären maachen an a gratis Bastelatelier hier eegen Deko bastelen an matheem huelen.

All dat, souwéi déi grouss Klassiker wéi Tombola an Kaffisstuff - déi natierlech och dëst Joer net gefeelt hun - stinn och d'nächst Joer rem um Programm wann et heescht : Fréijoersfest 2019 !