Generalversammlung 2019 - Fraen a Mammen Leideleng

D’Fraen a Mammen Leideleng bestinn zanter 40 Joer an an däer Zäit goufen am Ganzen iwwer 140 000 Euro gespend. Och 2018 sin rem Don’en vun iwwer 10 000 Euro iwwerreecht gin an, wéi all Joer, sin d’Aktiounen op der Generalversammlung vun de Fraen a Mammen Leideleng virgestallt gin.

Den 29. Januar am Centre sociétaire « An der Eech » waren demno fir dëss Occasioun, nieft der Madame Buergermeeschter Diane Bisenius-Feipel an dem Här Paschtouer Romain Kroeger, och d’Madame Christiane Schmit-Hamen aus dem Gemengerot an vill Memberen agetraff.

No der Beegréissung duerch d’Präsidentin Andrée Sunnen-Klein, ass den Tätegkeetsbericht virgeluecht gin. Déi jährlech Haaptmanifestatiounen, den Kannerfuesbal vun Fetten Donneschden, d’Freijoersfest vum 11. Mäerz an de Chrëschtmaart vum 25. November, waren all Kéiers gutt besicht an dat huet sech an der Kees bemierkbar gemaach.

Mee 2018 waren och eng ganz Rei aner Aktivitéiten geplangt, déi all en groussen Succès haten. Sou war eng Visite guidée vun der Amaryllis Ausstellung am Schlass Beloeil an vum Cider-Produzent Ramborn zu Born organiséiert gin; et ass op Dikkrech gaangen an den Militärmusée, mee och an d’Staadt eemol op den Wenzelstour an eemol op d’Schueberfouer; an fir d’Joer gutt ofzeschléissen ass den Chrëschtmaart zu Randschelt besicht gin.

Do derniewt, war de Veräin bei enger ganzer Rei Manifestatiounen, déi vun der Kierch, vun der Gemeng oder vun der ACFL organiséiert goufen, präsent.

Och um finanziellen Plang ass d’Joër 2018 ganz positiv ofgeschloss gin. Am Ganzen beleeft den Montant vun den Don’en sech op 10.500 Euro. Dovun sin 5.000 Euros un d’a.s.b.l. Blëtz iwwerreecht gin, 5.000 Euro un d’Fondatioun Wonschstär an 500 Euro un d’ACFL-Solidaritéitsaktioun « Epiceries sociales vun der Caritas: Zesummen géint d’Aarmut zu Lëtzebuerg ».

D’Vertrieder vun den Organisatiounen Blëtz an Wonschstär konnten hir Projeten no der Usprooch vun der Madame Buergermeeschter an de Wierder vum Här Paschtouer, virstellen.

Bei enger klenger Agape ass den Owend gemittlech ofgeschloss gin.