Hierken an Adventskränz zu Leideleng

Fir d'Adventszäit gutt unzefänken geet näischt iwwert een Besuch op engem flotten Chrëschtmaart. Wéi all Joer hun och dëst Joer d'Leidelenger Fraen a Mammen d'Duerf mat hierem Adventsmaart an Chrëschtstëmmung bruecht. Säit villen Joeren proposéieren si Iech och fir des Occasioun hausmaacher Hierken an néirenswou anescht fënnt een souvill handgemaachten Dekoratiounen, selwergebaackte Kuchen a Kichelcher op enger Plaatz.


Dëst Joer haten besonneg d'Adventskränz e grousse Succès. D'Méiglechkeet en perséinlechen Kranz virzebestellen mat Wiel vun der Faarf vun den Käerzen ass extrem gutt ukomm an déi fäerdeg Kränz haten groussen Succès.


Si soen all denen Leit, déi laanscht komm sin Merci an wann dir net dobäi waart - d'nächst Joer ass et rem souwäit !