Kannerfuesbal zu Leideleng

Wéi all Joer op fetten Donneschten, war et och rem 2018 sou wäit: Kannerfuesbal zu Leideleng!

Vun no an wäit sin allerlee Boken den 8. Februar fir e puer Stonnen an de Veräinsbau "An der Eech" komm.


D'Kreativitéit vun Grouss a Kleng konnt een bei denen gelongenen Kostümer bewonneren.

Musek an Animatiounen an haten fir en Nomëtten mat vill Spill a Spaass gesuergt. Eng besonnesch Attraktioun war wéi all Joer déi beléiften Kannertombola : all Lous gewënnt !


Fir den Gourmang ze stëllen huet et och net un Auswiel gefeelt. Et goufen net nëmmen verschidden Fueskichelcher, wéi sech dat an der geckeger Saison gehéiert, mee och schéin dekoréiert Muffins op déi besonneg déi kleng Gladdermailercher ewéi bänzeg waren.


D'Fraen a Mammen hoffen et huet iech all gefall an si soen iech bis d'nächst Joer op Fetten Donneschten 2019 !