Kannerfuesbal zu Leideleng

Och 2019 huet et rem op fetten Donneschten geheescht : Kannerfuesbal zu Leideleng!

D'Boken haten sech wéi all Joer vun no an wäit am Veräinsbau "An der Eech" afonnt.

D'Kostümer waren un Kreativitéit kaum ze iwwerbidden an sou war d'Fuesstëmmung den ganzen Nomëtten um Rendez-vous.

Fir Grouss a Kleng gouf eppes gebueden : Musek an Animatiounen an haten fir en Nomëtten mat vill Spill a Spaass gesuergt. Eng besonnesch Attraktioun war natierlech déi beléiften Kannertombola bei der all Lous gewënnt !

Fir den Gourmang ze stëllen huet et och net un Auswiel gefeelt. Et goufen net nëmmen verschidden Fueskichelcher, wéi sech dat an der geckeger Saison gehéiert, mee och schéin dekoréiert Muffins op déi besonneg déi kleng Gladdermailercher ewéi bänzeg waren.

D'Fraen a Mammen hoffen et huet iech all gefall an si soen iech bis d'nächst Joer op Fetten Donneschten 2020 !