2 Medaille bei der Société Municipale des Accordéonistes de Luxembourg

Bei engem gemitlechen Owesiessen an der Briddeler Stuff hunn d’Accordeoniste vun der SMAL d’Patréinesch vun alle Musikanten, d’Hl. Cæcilia, gefeiert. Bei deser Geleeënheet hunn d’Vertrieder vun der UGDA, d’Häre Gilbert Girsch a Marc Thill zwee Aktiver fir hir Verdéngschter während laange Joren dekoréiert: de Fernand Buchholtz, Vizepresident vun der SMAL, krut eng “médaille de mérite en vermeil Grand-Duc Adolphe” fir 60 Joer Aktivitéit, an den Hendrik van den Bulcke huet fir 20 Joer Aktivitéit als Accordeonist eng “distinction d’honneur en argent” ugespéngelt kritt.

Weider Informatiounen iwwert d’SMAL op www.accordeon.lu