CONVENIAT „50 JOER bei den CFL“


Den 30. September, een Dag virum 50. Joresdag vun hirem Start bei der Lëtzebuerger Eisebunn, den CFL, hunn sech 21 Kolleegen zum Konveniat getraff.

Deemools, den 1. Oktober 1976 hunn 42 jonk Leit beim Chef de Gare vun hirer respektiver Gare d’Attache ugefaang. Déi nei M-a S-Stagiairen hunn dunn e Joer laang zesummen an der Eisebunnsschoul dat speziellt Handwierk geléiert: vu Weichen a Fahrstroossen, Bremsgewiichter a Bremsprouwen, Zuchbildung a Billjeeën, Comptabilitéit an administrativ Veruerdnungen. No engem Joer Ausbildung a Stagen hunn déi jonk Leit ugefaang eegestänneg an deene verschiddene Beräicher vum Eisebunnsbetrieb ze schaffen.

Elo 50 Joer duerno also een Erëmgesinn. Um Programm vum Treffen, organiséiert vum Francis Breuer an Norbert Behm, stoung eng Visitt vum „Quartier de la Gare“ an der Stad zum Thema „Eisebunn a Stadentwécklung“ mam Historiker Dr. phil. Robert L. PHILIPPART. An der Zäit ëm 1900 ass aus enger landwirtschaftlecher Fläch en neie Quartier entstan. Den Här Philippart huet et verstan mat interessanten Detailer a munchen Anekdoten den Interessi wärend 2 Stonnen héichzehalen.

No dësem „Spadséiergank“ gouf den Owend bei Iessen an Drénken, a beim Austausch vun Erënnerunge verbruecht. Dobäi gouf och un déi 10 Kolleege geduecht, déi leider net méi ënnert eis sinn.

No engem Flotten Owend bleift d‘ Hoffnung, datt et net fir d‘lescht war, an datt an Zukunft nach méi dacks esou een Treffe stattfanne kann.