Scheckiwwerreechung zu Iwwersiren

Iwwersiren. Dezember 2019 kuerz viru Chrëschtdag am Haus Hellers an der Beyrennerstrooss. Wann et bei der Bomi Marguerite no Kichelcher, Wafelen a Bamkuch richt, dann ass eng méi lass. Sie huet zesumme mat hiren Enkelen Magali, 11 Joer, an Samantha, 4 Joer an der Zäit viru Chrëschtdag fir d’ Fondatioun kriibskrank Kanner an fir Televie gebak. Beim Verkaaf ass eng flott Zomme vun 4000 Euro dobäi zesumme komm. Elo am Mäerz sinn déi dräi houffreg a konnten een eischte Chèque vun 2000 Euro un d’ Fondatioun kriibskrank Kanner iwwerreecht. Déi aner 2000 Euro sinn fir den Televie an gi bei Geleeënheet iwwerreecht.