Een Tusch fir déi, déi fir eis schaffen

Iwwersiren. D’ Vicky an de Marc haten d’ Iddi, «als MERCI fir déi Leit, déi während dem Corona - Lockdown fir ons schaffen» , all Dag um 20:00 Auer en Tusch ze spillen. D‘ Noperen aus der rue des Jardins an der rue de Beyren hu Sie mat Klappen a Päifen ënnerstëtzt. D‘ Gebuertsdagskanner hunn nach e Ständchen gespillt kritt.

Bei dem „sech all Dag gesinn“ konnte sech d‘ Noperen iwwerzeegen, dass et ons all nach gudd geet an keen krank war. Elo no 9 Wochen wou déi meescht rëm schaffe ginn, d‘ Kanner rëm an d‘ Schoul mussen an d‘ Grousselteren rëm d‘ Enkelen gesinn, ass d‘ Zäit do fir dëser léiwer Initiativ en Enn ze setzen.