Iwwerreechen vun zwee Chèquen

Enn Februar huet den CPS – Fotoclub Schëtter, zesummen mat der Gemeng Schëtter zwee Chèquen iwwerreecht. D’ Iddi fir den éischten Don ass 2018 gebuer ginn, wou de Fotoclub seng 50 Joer gefeiert huet. Den CPS war um Chrëschtmaart dobäi mat engem klenge Stand mat Kalenneren, Becheren a Postkaarten. Fir dass de Stand nët esou eidel sollt sinn, huet d’ Jacqueline e puer vun sengen gebitzten Kierf verkaaft. No dem Maart huet d‘ Jacqueline spontan décidéiert seng ganz Rezett ze spenden. Bis et dunn zu enger Iwwerreechen komm ass, huet et gedauert. No Iwwerleeungen, Plangen, enger Coronapaus, zwee Mol eng Erhéijung vum Betrag an engem Zouschoss vun der Gemeng huet et du geklappt fir e Don un d’ Association Ile aux clowns ze spenden. Am Joer 2022 ass zu Schëtter en neie Veräin gegrënnt ginn, Schëtter hëlleft. D‘ Memberen vum Fotoclub hunn spontan décidéiert och do en Don ze maachen.