Generalversammlung vun de Fraen a Mammen Schëtter - Spenden fir de gudden Zweck

Schëtter. Wéi all Joer hunn sech d‘ Memberen vun de d’ Fraen a Mammen Sektioun Schëtter Enn Februar fir hier Generalversammlung getraff. A Schmatten zu Al-Schëtter huet Presidentin Sanny-Louise Kemp vill Memberen an och den Här Buergermeeschter an aner Vertrieder vum Schäffen- a Gemengerot fir e gemittlechen Owend begréisst. Si huet festgestallt, dass de Veräin, den 27. Februar 1984 gegrënnt ginn ass, elo schonn 40 Joer aktiv ass.

Den Aktivitéitsbericht war, wéi ëmmer, relativ ausféierlech. Hei an e puer Wieder eng kleng Opzielung: Am Mäerz an am Abrëll e Stand um Schëtter Maart, am Mäerz e Märchentour fir d’ Kanner, am Abrëll um Téléviedag hunn Dammen sech ëm d’ Kaffisstuff gekëmmert an si hunn och aktiv geschafft um Biodiversitéitsdag am Mee, am Juni konnt e grouss Patchwork un d’ Gemeng iwwerreecht ginn an den Erléis dovun geet un Télévie. No der Summerpaus hunn d’ Bitzowender rëm ugefaang, zu Allerhellgen konnten d’ Leit Coupe bestellen, den traditionellen Adventsmaart war Ufang Dezember an zum Schluss koumen nach 3 Deeg Partizipatioun um Chrëschtmaart. Den Ausbléck op 2024 huet de Bericht vun der Sekretärin ofgeschloss.

De Keesebericht huet gewisen, dass déi finanziell Situatioun gesond ass.

Déi vill Méi war net ouni Resultat. Sou konnten d’ Fraen a Mammen vu Schëtter och dëst Joer dräi Schecken fir de gudden Zweck stëften.

Den éischten Scheck war fir Aide à l’enfance de l’Inde – Népal, deen zweeten Scheck fir KJT (Kanner- a Jugendtelefon) an den drëtten Scheck ass un Télévie gaang.

Déi dräi Vereenegungen hunn sech kuerz virgestallt an hunn den Donateure erkläert wat elo mat hiere Sue geschitt.

Duerno ass d’ Presidentin fir 40 Joer “Déngscht “ geéiert ginn an de Gebuertsdagskuch ass ugeschnidde ginn. Beim gemittlech Zesummesinn ass den Owend mat Iessen an Drénken ausgeklongen.