D'Bewunner vum SERVIOR-Haus "Op der Rhum" soen MERCI

Lëtzebuerg/Rhum – August 2020. Traditionell gëtt all Joer am CIPA SERVIOR "Op der Rhum" eng Feier organiséiert fir alle Leit vum Personal Merci ze soen fir hir Aarbecht , déi si am Laf vum Joer fir d’Pensionnairë leeschten.

Dëst Joer huet dës Feier, déi ëmmer vum Heemroot organiséiert gëtt, aus deene bekannte Grënn leider missten ausfalen.

Duerfir huet den Heemroot decidéiert, fir alle Mataarbechter vun "der Rhum" e klenge Kaddo ze offréieren.

Deen ass e puer Vertriederinnen a Vertrieder vum ganze Personal an enger klenger Feier iwwerreecht ginn.

"Mat dësem Kaddo soe mir Pensionnairen de Mataarbechter villmools Merci fir hiren onermiddlechen Asaz fir eis all Dag gutt ze versuergen, an bis ewell esou gutt duerch d'Covid-Zäit bruecht ze hunn, an fir eis d’Liewen agreabel a flott ze maachen." seet am Numm vun all de Bewunner vun "der Rhum", de Fernand Kieffer, President vum Heemrot "op der Rhum".