Haut hu mir an der Seniorie St Jean de la Croix e ganz besonnesche Moment erlieft: d'Gebuertsdagsfeier vun eise Bewunner.
E gemittlecht Zesummesinn, dat weist, wéi wäertvoll d'Gemeinschaft an eisem Alldag ass. An den Ae vun de Gebuertsdagskanner huet een haut d'Freed gesinn an de Räichtum vun engem laange Liewe voller Erënnerungen.
Eis déif Wäertschätzung gëllt eise Bewunner, déi eist Haus mat hire Geschichten an hirer Perséinlechkeet beräicheren.
E grousse Merci geet un eis ganz Equipe, déi mat vill Engagement, Respekt an Häerzlechkeet dëse schéinen Nomëtteg méiglech gemaach huet.
Mir gratuléiere vun Häerzen.