KONVENIAT vun der 1ére B vum LGL - Lycée des Garçons Lëtzebuerg

„50 JOER no der Première“

Enn Oktober, 50 Joer no hirer Première am Lycée de Garçons Lëtzebuerg, hunn sech 15 Kolleegen zum Konveniat getraff. 1976 ass an d‘ Geschicht agaang, well et extreem dréche war. Och Temperature waren héich (10 Tropendeeg am Juli). Also 50 Joer duerno hate mir et nach méi waarm an och bal esou dréche wéi deemools.

Eigentlech war de Konveniat fir Enn Juni geplangt, awer d‘ Temperature vun Enn Juni no bei 40 Grad sinn net gemaach fir d’Leit an onsem Alter. Duerfir ass de geplangte Konveniat spontan an den Hierscht verluecht ginn.

Um Programm vum Treffen, organiséiert vum Norbert, war e gemitterlecht Zesummesi bei Iessen an Drénke geplangt. Kuerzfristeg konnt de Carlo eng Visite vum Lycée organiséieren, mat dem Thema“50 Joer duerno“. Beim Mëttesdësch sinn déi éischt Erënnerungen ausgetosch ginn, an d‘ Zäit fir den Opbroch an Stad ass vill ze fréi komm.

Virun der Dier vum Lycée huet den aktuellen Direkter, de Här Jeff Kohnen, ons empfaang. Hie selwer war e puer Joer no ons, selwer Schüler am LGL gewiescht an elo säit kuerzen Direkter. Et war him eng Freed ons duerch dat viru ronn 20 Joer renovéiert Gebai ze féieren. De Grondrëss war jo praktësch net verännert a mir hate munchmol den Androck d’Zäit wär stoe bliwwen. An de Klassesäll gëtt et nach ëmmer gréng Tafelen a Kräit. Kleng Verännerungen si geschitt; aus dem Turnsall ass e Festsall ginn, de Portier huet elo seng Loge elo lenks vun der Entrée. Den Här Kohnen huet ons op Platze geféiert wou mir nach ni waren, z.B. op de Späicher. No der Visite konnte mir ons vun dem villen Trapeklammen erhuelen a bei engem Patt an nach eng Stonn gemittlecher beienee bleiwen.

No dësem interessanten Dag, bleift d‘ Hoffnung, dass an Zukunft nach méi dacks esou Treffe stattfanne kënnen.