Konveniat vun der "1re B - LGL" vun 1976

Lëtzebuerg.

Genee 41 Joer no hirer Première hate sech e puer Kollege vun der « 1re B » vum Lycée des Garçons Lëtzebuerg getraff. De Marc hat eng interessant Visite vun der Schmelz um Belval organiséiert. Hien huet seng Kollegen duerch déi verschidde Phase vun der Stolproduktioun an dem Walzen vun de Profiller, dobäi och déi berühmte Belvaler Palplanche, geféiert. De Kolleg Pier huet dem Marc bei den techneschen Erklärungen bäigestanen. Bei engem gudde Mëttegiessen goufen Erënnerungen opgefrëscht a vill Anekdoten erzielt. D’Wieder war jo dëst Joer am Mee/Juni genee esou wéi 1976, dat Joer wou ët esou waarm an dréche war. Matt dem Verspriechen sech an ee bis zwee Joer erëmzegesinn, ass de Konveniat op en Enn gaang. Dem Organisateur as un d’Häerz geluecht ginn, drun ze denken, datt dann déi meescht Kollegen an der Pensioun sinn an net méi esou liicht Zäit fannen fir en Treffen.