Konveniat vun der « 1RE B – LGL“ vun 1976

Zwee Joer no dem leschte Treffen an 43 Joer no hirer Première hunn d‘Kollegen vun der « 1re B » vum Lycée des Garçons Lëtzebuerg sech zu hirem traditionellen Conveniat getraff. De Frank, aktuell nach aktiv zu Tréier op der Uni, huet seng ehemaleg Kollegen op seng Aarbechtsplaz op de Petriberg agelueden. Obwuel eng grouss Zuel vun den ehemalege Primaner schonn an der Pensioun ass, haten déi meescht awer Zäit kritt fir dobäi ze. Bei enger Visitt un der Uni Tréier Campus II, wou dem Frank säi Fachberäich Geologie logéiert ass, konnte mir déi verschidden Atelieren besichen. E Spadséiergang iwwer de Site vun der Uni huet eis duerch den „Rohstoffgarten“ bei déi aner Fachberäicher a Gebaier wéi, Mensa, Bibliothéik an Verwaltung gefouert. Just virun dem verdéngten Mëttegiessen konnte mir nach zwou interessant Visitte maachen: den „Turm Luxemburg“, de vum Architekt Francois Valentini fir d’Landesgartenschau 2004 entworf gi war an eigentlech “Turm der Träume und Sehnsüchte„ heescht, an déi „begehbare geologische Karte von Rheinland-Pfalz“. No engem verlängerten gemittlechen Mëttegiessen am Restaurant „Jahreszeiten“ war et un der Zäit wou bei villen aner Terminer geruff hunn an lues a lues huet dëse Conveniat säin Enn fonnt. Virdrun, hu mir de Kolleg Lucien a senger Iddi gestäerkt dat nächst Treffen ze organiséieren, an dat wa méiglech schonn am September 2020. Bis dann.