No der Begréissung vun de Participanten huet de Sekretär en Iwwerbléck ginn iwwert d'Aktivitéiten aus dem Joer 2024.
Ënnert anerem huet d’Amicale Op Lamp sech mat finanzieller a perséinlecher Hëllef bedeelegt um Fuesbal, u verschidde Concerten iwwert d’ganz Joer verdeelt, an un der Chrëschtfeier. All Kéier huet hei d’Amicale d’Musek gesponsert. All Bewunner aus der Résidence krut vun der Amicale fir säi Gebuertsdag e Bouquet Blumme geschenkt. Fir verschidde Sortien, wéi an d’Oktave, d’Sprangpressessioun, de Betebuerger Park, op d’Schueberfouer oder op de Chrëschtmaart huet d’Amicale d’Busser bezuelt. Op der Chrëschtfeier huet all Bewunner e perséinleche Kaddo vun der Amicale krut. D’Amicale huet dem Haus och e ganz speziellt Elektrothérapiegerät, eng douche au lit an e sophistiquéierten Duschstull iwwerginn.
Beim uschléissende Rapport vun der Caissière, der Mme Mariette Merges, konnt e gesinn, dat d’Amicale Op Lamp finanziell ganz gutt opgestallt ass. Dat gouf vun de Keeserevisoren, den Häre Gilbert Peusch a Vic Kolb, confirméiert. Si haten un der Buchführung absolut näischt auszesetzen. Doropshi gouf dann och d’Caissière vun der Versammlung per Aklammatioun entlaascht. Déi 2 Keeserevisoren hunn sech bereet erkläert, och am nächste Joer dëst Aufgab ze iwwerhuelen.
No der Virstellung vum Budget 2025 huet d‘Versammlung de Comité entlaascht.
D’Mme Mireille Wirtz als Directrice vun der Résidence Op Lamp an den Här Jérôme Laurent als Biergermeeschter vun der Gemeng Mertert hunn an hiren Usproochen der Amicale villmools merci gesot fir de groussen Engagement. Si hu confirméiert, dat d’Amicale op Lamp zanter entre-temps 24 Joer e groussen Deel dozou ka bäidroe fir d’Liewesqualitéit vun de Bewunner am Haus ze verbesseren. Si hunn de grousse gesellschaftleche Valeur vum Benevolat ernimmt an hoffen, dat d’Zesummenaarbecht mat der Amicale an Zukunft grad esou gutt weidergeet. Weiderhin huet den Här Laurent déi vill Aktivitéiten ervirgehuewen, déi d‘Gemeng Maertert fir eeler Mënsche proposéiert. Dat sinn ënnert anerem de Forum an den Dag vum 3. Alter, d’Rentnerfeier oder de Repas sur roues. Nieft der Résidence Op Lamp befanne sech an der Gemeng e Foyer du jour an e Club aktiv plus.
Eng ganz speziell Aktioun ass de „Méigeneratiounegaart“ an der Résidence Op Lamp. Hei kommen d‘Schüler vun der école fondamentale Waasserbëlleg aus dem Cycle 3.2 mat Bewunner vun der Residence Op Lamp iwwert d’ganzt Joer regelméisseg zesumme fir de Gaart ze gestalten. D‘Mme Germaine Fettes gouf fir hiert Engagement am Meigeneratiounsgaart mat enger Blumm geéiert.
No der Versammlung huet d’Direktioun d’Membere vun der Versammlung nach op e Patt mat Schnittercher invitéiert.